Home
Send us an E-Mail
Bookmark this page
Print this page
Interview of BRAUN Marc
Back to the interview section
Personal Data

· Name:

· First Name:

· City:

· Birthday:

· Nationality:


BRAUN

Marc

Senningen

1983-01-06

LUX
Players Data

· Jersey No:

· Height:

· Position:

· Category:

· Status:

· Licence since:


4

1.82 m

guard

SE



1996-02-28

 · A wat fir engen Basketsveräiner hues du bis elo gespillt ?
Nemmen um Gréngewald, an do sin ech stolz drop.Et gin puer Leit, dei sech emmer mam Wand dreinen; an doweinst wiechselen se eben och andauernd den Club.
 · Wat gefällt dir besonnesch gudd um Gréngewald ?
1.Dat t´Haal baal fir un menger Hausdiir as. 2.Ech sin do an der Haal opgewuhes. (Merci Flohr an Louis, dir sid baal sou eppes wei Pappen :-) )
 · Wat war bis elo däi schéinsten Erliewnis am Basket ?
1.Main eischten Kuerf bein den Cadets geint Hiefnech. 2.Natiirlech den Opstieg an Nat.2, war och schon net sou schlecht. 3.Den legengären Sieg zu Beetebuerg, wou mer am leschten Veirel 43 Punkten opgeholl hun.
 · Wat war bis elo deng gréissten Enttäuschung am Basket ?
-Den schrecklechen Match geint den Preizerdall mat den Espoirs, deen Match, deen natiirlech offiziell nie gespillt gouf, oder sou ähnlech.:-)
 · Wie war fir dech bis elo däi beschte Coach ?
Dat kann ech net beurteelen.Ech hun bei all Trainer eppes beigeleiert, an dofir well ech hinnen all lo mol hei MERCI soen.
 · Hues du e Spëtznumm an der Equipe / um Terrain ? Wa jo, verrot eis en !
Nuje,der gin et der puer: -Brauni, -Knut (Rheinhart),well ech sou een gefeierlechen Schütze sin... - ennert dem Belsch war ech den "Tourist" -...
 · Hues du e bestemmt Ritual virun engem Match ? Wa jo, wéi eent ?
Der gin et der ganz vill,fänken lo net domat un. An iwwerhapt daerf een dei net soen, soss hellefen se naicht mei!
 · Wéi bass du bis elo mam Verlaf vun dëser Saison zefridden ?
Nuje, et war net dat Gielt vum Ee bis elo.Mee ech hun schon virun der Saison gesoot, mir kennen frou sin wann mer dran bleiwen.An ech hoffen dat packen mer och.Mir hun nämlech eng ze spillereschstark Equipe fir ze faalen.
 · Äer Playoffen hun ugefaangen. Op wat kënnt et elo besonnesch un ?
Ech geif mengen dat wichtegst as dat mer dran bleiwen.Op waat et do besonneg unkennt, ech mengen daat wichtegst as wann mer mindestes 2 Equipen hannert ons an der Tabell stoen loosen.
 · Däi gréisste Wonsch fir deng Zukunft wat de Basket ugeet ?
Meng gréist Wensch am Basket sin, dat ech gesond, veletzungsfrai bleiwen, an dat ech na laaaaang Spass um Spill waert haalen.


 
Interview section
Youth Corner
  · Team results
  · Game schedule
  · Practice schedule
  · Contact
  Login
  · Members section
  · Coach's corner
  · Comite section