Home
Send us an E-Mail
Bookmark this page
Print this page
Interview of BRAUN Marc
Back to the interview section
Personal Data

· Name:

· First Name:

· City:

· Birthday:

· Nationality:


BRAUN

Marc

Senningen

1983-01-06

LUX
Players Data

· Jersey No:

· Height:

· Position:

· Category:

· Status:

· Licence since:


4

1.82 m

guard

SE



1996-02-28

 · Wéi laang spillst du elo hei um Gréngewald ? Wéi laang dovunner an der 1. Equipe ?
Ma anscheinend hun ech eng Lizenz um Gerngewald seit '96, sprëch seit 10 Joer.Hun laang missen op meng 1.Lizenz waarden, well main Trainer huet gehofft ech geif vlait nach mam Basket ophaalen, an dann an den American football goen, oder sou eppes. 1.Equip?Wei laang ech do schon spillen?Get daat heiten lo dei 7. Saison????Misère, waat Zait vergeet, an aal gin...
 · Erziel eis eng besonnech lëschteg Anekdote aus där Zäit ?
Also ech keint jo hei rem DAAT BEETEBUERG nees auspaacken, mee erzeilen leiwer eng aaner leiw Geschicht. Et war meng 1. Saison, an dunn hun ons Espoir-en(mat mier eben) och keint 2.Equipen gespillt.Op allenfall, haaten mir een Auswärtsmatch zu Berbuerg.(Deen mer natiirlech hausheich gewonn haaten) Main apréceierten Zähndokter Oli P., misst awer schnell noom Match fort, well hien op Uni huet missten.Den Rescht vun der Equip as nach an Buvette gaang, wou mer dann och hänken bliwwen sin.Mir hun der puer gedronk, 1,2,3 Sandwichen gies, usw. No gut 1 an 1/2, sin mer dun och fort gaang aus der Berbourger Buvette. An wien steht do op bee mool um Parking firun der Haal?Den Mann vun Welt!!!Den Olp P.; hien mech Fenster vun sengem Auto roof, an freet ganz zögerlech: Wei kennt een aus Berbourg raus??Ech fannen den Wee net fir hei raus.Siichen schon iwwert 1 Stonn... Lo soll nach een soen, Letzebuerg wier kleng....
 · Däi perséinlecht Fazit vun der leschter Saison ?
Daat war schai... net sou gut! Et gin mindestens 50 knapp Szenen dei einfach all Keiers geint ons gelaaf sin.+. Match dem Lex sain Lay-up,Mondorf, an der leschter Sekonn doheem verluer.... Geint Schicksaal kann een naicht maan, daat wousten schon dei aal Griechen.
 · Wat muss dëss Saison änneren ?
Firun allem mussen mer mei Matcher gewannen wei lescht Saison. Neen, ouni Blödsinn, dess Joer missten mer un sech ganz gut Grondlaagen opbauen, fir dann hoffentlech next Joer an der Nat.2 gut ze bestoen.
 · Mam Rüdiger Wichote hued de Klub e neie qualifizéirte Coach geholl. Wat fir Ännerungen hues du festgestallt ?
Tjo, ech mengen hien as relativ konsequent, an huet och eng gerued Marchrichtung.Firun allem, probeiert hien alles op den nexten Level ze brengen, waat s^chon mat Videoanlysen unfänkt. Mee keen Trainer huet et ganz einfach um Grengewald, mee hien mech seng Saach bis ewell ganz ganz gut.
 · Wat ass däi perséinlecht Ziel fir dëss Saison ?
Wei emmer, Spaas um SPILL.Och waan daat Ziel heiernsdo waert schweier gin ze errechen, fir mech perseinlech lo...
 · Dëss Saison ass grad emol e puer Matcher al. Wéi bass du bis elo mam Verlaf vun der Saison zefridden ?
Nuje,vun den Resultater as et total an der Reih, Peiteng as wierklech keng schleecht Equip. Mee un der Spillunlaag, keinten mer wirklech nach bessen schaffen, an Gedold hun.Iwwerlaafen kennen mer dei meescht Equippen an der Divisioun...
 · Schreiw eis 3 Wierder, déi däi Charakter um Terrain beschreiwen ?
mannschaftsdënglech, formschwankend, emotional.
 · Wanns du eng Regel am Basket kéinst änneren, wat fir eng wier et ?
den Offensivfehler!!Regel as total valbel, mee un der Ausleeung haapert et gewaltëg...
 · Wou steet deng Equipe a 5 Joer ?
1. Hoffen ech daat mer net fusiouneieren(as jo relativ an der Moud--> Musel-Pikes, Racing-Union-Cactus-RM-An-wien-well-nachGmbh,Arcelor... 2.Wier net schlecht wann mer endlech fir den Opstieg an Nat.1 geifen spillen, oder schon dran wieren.Mee bon, waat an 5 Joer alles gescheien kann...


 
Interview section
Youth Corner
  · Team results
  · Game schedule
  · Practice schedule
  · Contact
  Login
  · Members section
  · Coach's corner
  · Comite section