| · Wéi laang spillst du elo hei um Gréngewald ? Wéi laang dovunner an der 1. Equipe ? |
| Also laut menger Licence spillen ech lo seit 1993 hei am Club. An der eischter Equipe seit, hmmm sou genau wees ech dat net also aktiv mat bedelegt un der eischter Equipe denken ech mol, dass een dat esou kan soen, sin ech reit seit leschtem Joer. Firdun huet et sech winst mir oder dem Trainer net wircklech erginn. Hat dei eng oder anner Paus dertescht ageluescht. |
| · Erziel eis eng besonnech lëschteg Anekdote aus där Zäit ? |
| De Match geint Kontern firun e puer Joer war witzeg mee net wircklech glanzvoll:) |
| · Däi perséinlecht Fazit vun der leschter Saison ? |
| Dei lescht Saison wann een et ganz objektiv betruecht war mat dei beschten Saison dei mir bis elo haten. Mir hun als Equipe a spilleresch wircklech vill beigeleiert. Ech hun ob jiddefall profiteiert vun der letzter Saison an hun d´ Freed um Basket erem nei entdeckt. |
| · Wat muss dëss Saison änneren ? |
| ?Firun de Matcher musse mer eis ugewinnen Spaghetti mat Tomatensausse ze iessen. No den Trainiger fir ze recupereiren vill mei Wasser drenken an dei eng oder anner Kippchen Freidesowes ewech loosen.:) Ne ech mengen wann mer bessen mei eis Schosschancen ennert dem Kuerf notzen gingen wier dat schon net schlecht. An kuken, dass sou vill WEI MEIGLECH d´Leit versichen fir d`Trainingen och wann et Samsdesmoies as a fir d´Matcher präsent ze sin. |
| · Mam Rüdiger Wichote hued de Klub e neie qualifizéirte Coach geholl. Wat fir Ännerungen hues du festgestallt ? |
| Seng Art a Weis ze Coachen as eng anner wei eisem alen Trainer seng. Am Ufank war ech bessen skeptesch mee lo schenkt sei Konzept opzegoen an ech denken, dass en genau wees wat en mescht. Dat soll keng negativ mee eng positiv Kritik sin. Ansonsten kann ech net vill soen sin reit seit engem gudden Mount 1 mol d`Woch um Training. Da kennt een een nach net sou gut fir irgendeppes Konkretes ze soen. |
| · Wat ass däi perséinlecht Ziel fir dëss Saison ? |
| Dat as jo ganz kloer sou laang ech kann, zeitlech a stressbedengt gesinn machen ech mei bescht fir mat der Equipe ze gewannen, also mein Ziel as op jiddefall mat an den Playoffen ze spillen. A wei et ausgeseit machen mer d Saach no denen 2 leschten Matcher jo nach eng keier spannend. |
| · Dëss Saison ass grad emol e puer Matcher al. Wéi bass du bis elo mam Verlaf vun der Saison zefridden ? |
| Also war jo net derbei am ufank. Wou ech dun erem komm sin an direkt den eischten Match kuken war geint Mondorf, gin ech zou war ech liicht geschockt vun der Performance dei mer do gewisen hun als Equipe well mer vill mei kennen an ech eis vis a vis vun lescht Joer net erem erkannt hun. Mee mengen et hun einfach e puer Faktoren dei ganz Saach beaflosst. Lo hoffen ech, dass et sou weider geet wei dei lescht 2 Matcher wou mer als Equipe deck gut fonctionneiert hun. |
| · Schreiw eis 3 Wierder, déi däi Charakter um Terrain beschreiwen ? |
| Reserveiert, Motiveiert(emmer), Konzentreiert(meeschtens:)) |
| · Wanns du eng Regel am Basket kéinst änneren, wat fir eng wier et ? |
| entre-deux Regel dei nei fannen ech fir "in die Mülltonne zu kloppen" wees net dei nerft einfach manchmol, dann erkämpft een sech hart de Ball an der Defense an da muss een trotzdem winst der Regel de Ball einfach sou hier gin. Grrrrrrrrrrr |
| · Wou steet deng Equipe a 5 Joer ? |
| Babyboom :)
Ne ech wees et net dat as nach ze laang. Si keen dee gaeren plangt firun allem net sou eppes muss een emmer kuken mat der Konstellatioun vun der Equipe wei se eben de Moment do steet. Dat bescht draus maachen an wann dat eben net duer geet fir uewen mat ze spillen da muss en dat agesinn awer trotzdem probeiren dat bescht erauszehuelen. |