Opruff - Flott Erënnerungen

102800b506e413b428b23d7d967a76f0ae0e82_.gif

Léif Ancienen a Frënn vum BBC Gréngewald Hueschtert,

D’ Saison 2022-2023 wäert am Zeeche vum 75sten Anniversaire vun eisem Veräin stoen.

Aus dem Ulass maache mir haut schonn e waarmen Appel un iech, eis Fotoen, Dokumenter, Anekdoten, Material, ... aus deene vergaange 75 Joer, besonnesch aus de leschte 25 Joer, zoukommen ze loossen.

Digitaliséiert Material kënnt dir eis gären op 75joer@bbc-grengewald.lu era mailen. Net digitaliséiert Fotoen, Texter oder anert physescht Material, komme mir gäre bei iech heem entgéinthuelen. Kontaktéiert eis einfach per Email.

Dank ärer Hëllef hoffe mir esou e flotten Austausch ze hunn, eng lieweg Brochure an Ausstellung iwwert eis Vergaangenheet erstellen ze kënnen an esou eis Erënnerungen z’ erhalen.

Weider Detailer zu de Festivitéiten, op déi mir iech elo schonns häerzlech invitéieren, ginn deemnächst bekannt ginn.

Mir soen elo schonns villmools Merci fir är Mathëllef.

D’ Deele vun dësem Message ass gären erwënscht.

 

Den Organisatiounscomité vum 75sten Anniversaire

 
 
1028007950b48e6670539223559c087aa09826_.png

Dear alumni and friends of the BBC Gréngewald Hueschtert,

The 2022-2023 season will be marked by the 75th anniversary of our club.

To celebrate the occasion, we are making a warm appeal to you to send us photos, documents, anecdotes, material ... from the past 75 years, especially from the last 25 years.

Digitized material can be emailed to us at the following email address: 75joer@bbc-grengewald.lu. We are happy to collect non-digitized photos, texts or other physical material from your home. Just contact us by email.

With your help, we hope to have a nice exchange and prepare a lively exhibition as well as a brochure about our past to preserve our memories.

Further details on the festivities, to which we cordially invite you, will be announced soon.

We would like to thank you in advance for your help.

Please feel free to share this message.

 

The organizing committee of the 75th anniversary